E knappe Mount virum 70. Trounjubiläum vun der Queen gëtt och schonn haut am brittesche Kinnekshaus gefeiert.

Fir Kannergebuertsdeeg wier ee bei hirer Famill un der richteger Adress. Der Catherine oder Kate hir Elteren hunn 1987 d'Liwwerfirma Party Pieces gegrënnt, hei huet d'Kate iwwregens 2008 och kuerz selwer geschafft. 2 Joer virdru war se e puer Méint als Assistenz-Akeeferin fir de Moudelabel Jigsaw aktiv. An nach virdrun, vun 2001 bis 2005 huet se a Schottland un der St. Andrews Universitéit Konschtgeschicht studéiert.
Hei huet d'Kate dee 5 Méint méi jonke Prënz William kennegeléiert, Enn 2002 waren se eng Koppel. Zesumme mat 3 anere Studenten hu se och eng Zäit laang an enger WG gewunnt.

RTL

© AFP

Natierlech hat déi brittesch Press scho längstens ugebass an huet, e puer Joer no der Diana hirem Doud, keng Geleeënheet ausgelooss fir dem Prënz seng Auserwielten op Häerz an Nieren ze préiwen. Kritiséiert gouf d'Kate vrun allem well se no hirer Uni an och wärend dem ganze Joer 2008 net schaffe gaangen ass. Lady of Leisure (Fräizäit-Lady) gouf se betitelt, uschléissend dann och Waity Katie (d'Katie dat waart) well vun Hochzäit einfach keng Rieds goung. 2007 hätte sech Kate a William an aller Frëndschaft getrennt well d'Medien ze vill Drock op déi zwee gemaach hätten - dat gouf awer ni confirméiert.
Enn 2010 dunn déi grouss Erléisung: William a Catherine, an elo net méi Kate, hunn der Press hir Verlobung bekannt ginn. Passéiert war et am Oktober wärend enger Vakanz a Kenia.

RTL

© AFP

D'Hochzäit am Abrëll 2011 war e grousse Spektakel, déi ganz Insel war aus dem Haischen wéi d'Catherine an der Westminster Abbey hirem Prënz d'Jo-Wuert ginn huet.

Zanterdeem ass d'Catherine, Duchess of Cambridge, eng "valeur sûre" an der "royal family": Diskret, einfach, sécher, jovial, elegant a sympathesch, extrem beléift beim brittesche Vollek, Mamm vun 3 Kanner - George (8), Charlotte (6) a Louis (3) Joer. D'Catherine interesséiert sech fir Konscht, Fotografie, Moud a Reesen, hire léifste Sport ass Tennis. Se huet nach 2 méi jonk Geschwëster, den James William (34) an d'Philippa "Pippa" Charlotte (38).

RTL

© AFP

Gefeiert gëtt de 40. wuel doheem am Kensington Palais, am Zentrum vu London. Do wunnt déi ganz Famill an engem 20 Zëmmer-Appartement. A wann de William senger Kate owes, wann d'Kanner am Bett sinn, en Gin Tonic bei d'Fotell zerwéiert, ass déi kinneklech Welt a Groussbritannie méi ewéi ok.

RTL

© AFP

40. Gebuertsdag Kate Middleton / Rep. Gibbes Bertolo