E grousse Reportage iwwert de Grand-Duché zesumme mam Hape Kerkeling gesäit een dëse Sonndeg um 19.10 Auer op Vox.

Zanter November gesäit een den Hape Kerkeling op Vox a sengem neie Format "Hape und die 7 Zwergstaaten". A siwen Episode gëtt op eng witzeg Manéier gekuckt, wat déi klengsten europäesch Staaten ze bidden hunn. Nodeems hien ënnert anerem schonn a San Marino, Monaco, an och am Vatikan war, ass e Sonndeg um 19.10 Auer de leschten Deel vun der Emissioun ze gesinn. An do ass den Hape op Besuch am Grand-Duché.

Den Hape Kerkeling hëlt sech Zäit, fir villes z'entdecken. Eou mécht hien zum Beispill e Péckvillchen zesumme mam Usch vun Nouspelt, hie kuckt op d'Geschicht vun RTL zeréck, ass beim George Christen op Besuch a gëtt um Vëlo vum Andy a Frank Schleck duerch d'Stad kutschéiert. De Stärekach René Mathieu kacht dem Hape e gesonde Plat.