A Groussbritannien huet sech ee Mann op eng besonnesch kreativ Aart a Weis op d'Sich no enger Partnerin gemaach.

A London a Birmingham suergen zanter e Samschdeg eng Rei Plakater fir Opmierksamkeet, op deenen ee Mann mam Message "Rett mech virun engem arrangéierte Bestietnis" ze gesinn ass. Hannert der Aktioun stécht den 29 Joer ale Muhammad Malik, deen zu London als Bankeberoder schafft.

Op der Websäit findmalikawife.com, déi de Pakistaner fir seng Sich no enger Partnerin eegens ageriicht huet, erkläert hien, hie wier net per se géint d'Iddi vun engem arrangéierte Bestietnis. Déi hätten a ville muslimesche Kulturen eng laang Traditioun a géingen och Virdeeler bréngen. Trotzdeem géing hie fir d'éischt gäre selwer probéieren, eng Fra ze fannen.

Ier de Muhammad Malik seng Plakater opgehaangen huet, hätt hie schonn op eng Rei méi konventionell Aart a Weise probéiert, eppes u sengem Bezéiungsstatus ze änneren, ouni Succès. Mee Dating-Apps an déi puer Treffen, déi sech doraus erginn hunn, hätte sech fir hien ëmmer e bësse komesch ugefillt.

Ee Kolleeg huet hie schliisslech op d'Iddi bruecht, Reklamm fir sech ze maachen. De Muhammad Malik huet déi Propos emol guer net esou schlecht fonnt. Och seng Famill stoung hannert dem Plang, och wa seng Mamm ufanks nach e bësse skeptesch war.

Säit d'Plakater opgehaange goufen, krut de Muhammad Malik schonn honnerte Messagen. "Ech hat nach keng Zäit, se all duerchzeliesen", sot den 29 Joer ale Mann der BBC. "Ech muss mer dofir e bëssen Zäit huelen - deen Deel hat ech net esou ganz duerchduecht."