Nieft den Erwuessene gouf och e Puppelche bei der Ausenanersetzung liicht blesséiert.

Ugefaangen huet dat Ganzt mat engem Kondom, deen enger 33 Joer aler Fra op enger ëffentlecher Toilette op der Gare zu Hannover aus Versinn op de Buedem gefall ass. Dat huet eng 21 Joer al Fra gesinn, déi grad mat hirem Partner an hirem Bëbee laanscht gaangen ass, an huet eng offälleg Bemierkung vu sech ginn. Dunn ass de Sträit eskaléiert.

De Partner vun der 33 Joer aler Fra, déi beleidegt gouf, huet versicht, de Sträit ze schlichten, ma krut doropshi vun deem anere Mann an d'Gesiicht gespaut. Doropshin huet déi 33 Joer al Fra Pefferspray agesat, ma och den Ugräifer selwer huet op Pefferspray zeréckgegraff. Si alleguerten, wéi och dat klengt Kand, goufe liicht blesséiert. Elo gëtt wéinst geféierlecher Kierperverletzung ermëttelt. Donieft gouf et eng Plainte wéinst Beleidegung.