Fir dem Acteur Merci ze soen, datt hie sech fir den Erhalt vum Ebo-Reebësch agesat huet, huet sech e Fuerscherteam eppes ganz Besonnesches afale gelooss.

Déi brittesch Botanikexperten "Kew Gardens" hu sech zesumme mam Hollywood-Acteur an der Naturschutzorganisatioun "Re:wild" géint d'Ofholze vun engem groussen Deel vum Ebo-Bësch engagéiert. 68.000 Hektar Bësch sollten ofgeholzt ginn. Dës Pläng huet d'Regierung virzejoert allerdéngs op Äis geluecht.

Als Merci kritt e Bam, dee viru Kuerzem am Kamerun entdeckt gouf, dem Schauspiller säin Numm. Den "Uvariopsis dicaprio" ass 4 Meter héich an huet giel-gréng Bléien. Domat wëll een dem DiCaprio säi Bäitrag am Kampf ëm d'Erhalung vum Reebësch éieren.

Zejoert hunn d'"Kew Gardens"-Experte weltwäit iwwer 200 nei entdeckte Planzen a Champignonen en Numm ginn. Et wier nämlech bal onméiglech anzeschätzen, wéi staark eng Planz vum Ausstierwe bedrot ass, wa se kee wëssenschaftlechen Numm huet, sou d'brittesch Fuerscher. Verschiddener, déi 2021 opgelëscht goufen, gëllen den Ament schonn als menacéiert, 3 vun hinne sollen iwwerdeems schonn ausgestuerwe sinn. De Bam "Uvariopsis dicaprio", vun deem bis ewell just een Exemplar fonnt gouf, gëtt virleefeg als staark vum Ausstierwe bedrot agestuuft.