Den Nicolas Cage a seng 31 Joer méi jonk Fra Riko Shibata erwaarden hiert 1. Kand. Dem Acteur säin eelste Fils ass méi al wéi seng aktuell nei Partnerin.

Den Nicolas Cage huet aus fréiere Bezéiungen 2 Kanner, de Kal-El (16 Joer) an de Weston (31 Joer). Mat 58 Joer erwaarden de Schauspiller a seng Fra vu 27 Joer dann elo och e Kand. Si hate sech de 16. Februar d'lescht Joer d'Jo-Wuert ginn, d'Hochzäit war an engem klengen an intime Kader am Wynn Hotel zu Las Vegas.

Fir den Hollywood-Schauspiller ass et schonn dat 5. Bestietnes. 1995 hat hie sech fir d'éischt bestuet, mat der Schauspill-Kolleegin Patricia Arquette. No der Scheedung 2001 huet sech den Elvis-Fan dunn d'Lisa Marie Presley gekroopt, d'Duechter vum King of Rock'n Roll. Dat Bestietnes huet nëmmen 2 Joer gehalen.

Duerno koum déi längsten Zäit als Mann vum Alice Kim, mat där hie vun 2004 bis 2016 liéiert war an zesummen e Kand huet, den Kal-El. Dono war hien nach mat senger 4. Fra Erika Koike bestuet, awer just 4 Deeg laang. Den 31 Joer ale Fils Weston ass aus der Bezéiung mam Christina Fulton, virum éischte Bestietnis also.

Seng aktuell Fra Riko Shibata huet den Nicolas Cage a Japan duerch gemeinsam Frënn kennegeléiert bei den Dréiaarbechten zum Film "Prisoners of the Ghostland".