Grad a Corona-Zäiten huet et en 31 Joer ale Mann aus Indien net ëmmer einfach... Net seele kënnt et vir, datt de "Kovid" op säin Numm ugeschwat gëtt.

Bis viru Kuerzem war him net bewosst, datt vill Leit säi Virnumm kuriéis fannen. Eréischt wärend enger Rees an d'Ausland ass dem Inder opgefall, datt sech vill Mënschen iwwert säin Numm amuséiert hunn. Vill Elteren hunn hir Kanner, déi zanter 2020 op d'Welt komm sinn, express "Corona" oder "Covid" genannt. Ma seng Mamm konnt deemools net wëssen, datt hire Bouf iergendwann esou heesche géing wéi eng Longekrankheet.

"Zukünfteg Reese wäerte lëschteg ginn", sou de Kovid op Twitter. En Tweet, dee ronn 40.000 Likes krut a 4.000 Mol gedeelt gouf. Esou sinn eng Partie Medien op hien opmierksam ginn. Net just krut hien eng Partie Ufroe fir Interviewen, ma mëttlerweil ginn et och eng Abberzuel Memes a Witzer iwwer hien. Datt hien déi ganz Geschicht mat Humor hëlt, weist eng rezent Foto vun him, op där hie mat engem Corona-Béier poséiert. Säi Kommentar dozou: "Kovid-positiv zanter 1990".

Ob säin Numm gréisser Repercussiounen op säin Alldag huet? Am Caféë freet hien d'Personal, säin Numm net haart duerch de Raum ze ruffen. Ma bei Geschäftsreesen hätt hien allerdéngs nach keng Problemer gehat. Am Géigendeel: Hien hofft, datt säin Tourismus-Start-up duerch säin Numm an dëser schwiereger Zäit méi Opmierksamkeet kritt. "Ech sinn de Kovid, dee méi reese wëll", soll ee vun de Slogane sinn, mat deem hie wëll Reklamm fir seng Start-Up maachen.

Säin Numm ze änneren, kënnt fir de Kovid net a Fro. Vun Hindi op Däitsch iwwersat heescht säin Numm nämlech "der Gelehrte". Ausserdeem kënnen d'Leit sech säin Numm duerch d'Pandemie besser mierken.