Dëst Joer kuckt d'Queen Elizabeth II. op 70 Joer um britteschen Troun zeréck. An dat soll deementspriechend gefeiert ginn, Pandemie hin oder hier.

De Buckingham Palace huet e Méindeg eng Rei Feierlechkeeten an Evenementer am Hibléck op de 70. Trounjubiläum vun der Queen annoncéiert. Obscho si de 6. Februar 1952 op de britteschen Troun komm ass, sollen déi zentral Festivitéiten op engem verlängerte Weekend am Juni sinn. Den 2. an 3. Juni goufen dowéinst zu Feierdeeg erkläert.

Déi traditionell Parad zu Éiere vum Gebuertsdag vun der 95 Joer aler Queen sollen deemno donneschdes sinn. Den 2. Juni wäerten dowéinst iwwer dausend Zaldote mat Päerd a Musekskapellen am Zentrum vu London present sinn. D'"Queens Birthday Parade" gëtt mat deem gewinnte "militäresche Opwand" organiséiert, heescht et an der Ukënnegung vum Palais. Sou wéi et eng joerhonnertenal Traditioun wëll, wäerten d'Mënschen an iwwer 1.500 Stied an Dierfer am Land an, an de britteschen Iwwerséi-Departementer, sou wéi de Commonwealth-Staaten op deem Owend d'Luuchten umaachen.

E Freideg 3. Juni ass dann eng speziell Mass fir déi laang Herrschaft vun der Queen Elizabeth II. an der Londoner St. Paul's Cathedral. E Samschdeg 4. Juni organiséiert d'BBC ënnert dem Titel "Platinum at the Palace" e Live-Concert mat e puer vun de gréisste Staren am Ënnerhalungsberäich.

E Sonndeg, de 5. Juni sollen dann am Kader vun engem "Big Jubilee Lunch" iwwerall an de Stied an Dierfer gefeiert ginn. Mat iwwer 200.000 Partye gëtt hei gerechent. A London solle Stroossefester mat Musek, Theater- an Zirkusvirféierunge organiséiert ginn, bei deem Kënschtler aus verschiddene Länner optrieden. Nom verlängerte Weekend gëtt um Enn nach de Rack vun der Queen, dee si bei hirer Kréinung un hat, am Schlass Windsor ausgestallt.

Zu de Feierlechkeete gehéiert awer och 3 landeswäit Bakconcourse fir jidderee vun 8 Joer un. Dobäi soll "e ganz neien, extra fir d'Queen gewidmete Pudding, fonnt ginn." Déi 5 Finaliste vun deem Concours kënnen hir Kreatioun enger Jury presentéieren, bei deem och de Chefkach vum Palais dobäi ass. Déi Kreatioun, déi gewënnt, gëtt deen Ament och bei de sëllege Stroossefester zerwéiert.

Virun der Queen huet nach keen anere brittesche Monarch esou e laangt Trounjubiläum erreecht. Vun Aschränkungen oder extra Mesuren ëm d'Feierlechkeeten matten an der Corona-Pandemie war beim Annoncement vum Palais keng Ried.

Groussbritannien kämpft den Ament mat enger neier Corona-Well duerch déi héich ustiechend Omikron-Variant. E Samschdeg huet d'Zuel vun den Doudegen de Seuil vun 150.000 iwwerschratt. Am Ufank vum neie Joer hat de Gesondheetsminister Sajid Javid nach erkläert, d'Land misst "probéieren, mam Virus ze liewen". Nei Aschränkunge géif et awer just "als absolut leschten Auswee" ginn.

RTL

© AFP Archivbild vun 1977

Scho beim 25. Trounjubiläum 1977 gouf et landeswäit Festivitéiten. Zu London war eng Parad organiséiert, un där d'Queen Elizabeth II. an enger Päerdskutsch present war. D'Band Sex Pistols hunn zu deem Zäitpunkt hir Punk-Hymne "God Save The Queen" verëffentlecht. Beim gëllenen Trounjubiläum 2002 waren och ganz vill Stroossefester geplangt a beim 60. Jubiläum gouf mat enger ganzer Flott aus dausende Booter op der Themse gefeiert.