Knapp gekleet, sënnlech Musek, eng eise Staang – fir vill Leit bleift de Pole Dance eng Aktivitéit aus dem Strip-Club. Mee dat gëtt dem Sport net gerecht.

Wien dat haut nach denkt, datt de Pole Dance just an d'Nuetsliewe gehéiert, deen huet sech scho laang net méi iwwert déi aktuell Fitness-Offeren informéiert. Virun allem net iwwert déi fir Fraen. De Pole-Sport ass nämlech een Trend, deen et ewell och op Lëtzebuerg gepackt huet. D'Origine vum Pole Dance geet op eng Joerhonnerten al indesch Sportaart zeréck – Mallakhamb. Änlech wéi beim Pole Dance ginn hei akrobatesch Figuren op engem hëlzene Potto gemaach. Championnater dofir ginn och haut nach organiséiert.

An den 20er Jore koumen dëst Konschtstécker un der Staang dunn an d’Zirkussen. Och haut stinn dëst beispillsweis am Cirque du soleil nach um Programm. Nom Zweete Weltkrich huet d’ Staang dunn eng Éiereplaz an de Clubben, Cabareten a Bare kritt. De Lien zum Burlesque an zum Striptease war geschaaft. Een Trend ass entstanen.

Eréischt an de spéiden 80er Joren huet de Pole-Fitness de sportlechen Aspekt nees e Stéck wäit an de Virdergrond geréckelt. Als Sportaart unerkannt ginn ass Pole Dance awer eréischt am Joer 2017– dat vum internationalen Daachverband vun de Sportfederatiounen. Fir offizielle Member vum dësem weltwäite Verband ze ginn, mussen awer nach verschidde Modalitéite gepréift an erfuerderlech Unerkennunge virgeluecht ginn.

Eréischt da kann och den internationalen Olympesche Kommitee decidéieren, op de Pole-Sport an Zukunft och op hirer Lëscht lant an eventuell un den Olympesch Spiller deelhuele kann. Dëst Prozedur dauert an der Reegel e puer Joer.

Ma zu Lëtzebuerg schéngt den Interessi un dëser sportlecher Aktivitéit do ze sinn. Den Ament ginn et hei am Land ewell dräi Pole Dance Studioen. D’ Versavia Péckels (20) mécht zanter véier Joer Pole Dance a gëtt zanter Kuerzem och selwer Coursen. Eng Mëschung tëschent Sport, Konscht a Leidenschaft.