Vu Gesondheetstipps bis Kräizwuerträtselen: villen dierft d'"Apotheken Umschau" e Begrëff sinn.

Well vill eeler Leit dës Zäitschrëft gären emol liesen, gëtt se vu verschiddene spëttesch als Bravo fir Pensionäre bezeechent. Fir de 66. Gebuertsdag vun der "Apotheken Umschau" hu sech den "Wort & Bild Verlag" dowéinst eppes ganz Besonnesches afale gelooss. An der neister Oplag vum Magasinn ginn et nämlech e puer zousätzlech Säiten, déi an Zesummenaarbecht mat der "Bravo" entstane sinn. An hei goufen der Ironie keng Grenze gesat. Net nëmme krut d'Zäitschrëft den Titel "Rentner Bravo", ma op der Titelsäit gëtt och op en "Star-Report iwwert d'Virus-VIPs" verwisen.

Wat an enger Bravo net feelen dierf, ass natierlech d'Foto-Love-Story. Manner erotesch, dofir awer zimmlech charmant gëtt hei am Comic erzielt, wéi en Apdikter enger ënnerzéckerter Diabetikerin mat Gummibieren aushëlleft. E romantesche Geste, deen zu enger Romanz féiert.

U wat an der Jubiläumseditioun och geduecht gouf, ass d'Rubrik Dr. Sommer. Froe wéi "wéi funktionéiert Petting?" oder "wéi gëtt ee schwanger?" ginn hei net thematiséiert. D'Äntwerten dorop dierften déi meescht Lieser a Lieserinne mëttlerweil kennen. Dofir gëtt hei beschwat, wéi een Afloss Bluttdrockpëllen op d'Libido hunn.

Wéi d'"Rentner Bravo" bei de Leit dobaussen ukënnt, wäert sech weisen. Am Mäerz 2021 hat et nach vum Julia Rotherbl, déi an der Chefredaktioun vun der "Apotheken Umschau" schafft, geheescht: "Ech wëll fort vum Image als Bravo fir Pensionären". 10 Méint méi spéit koum dunn - ganz selbstironesch - esou eng Ausgab eraus. Wie weess, vläicht gewanne si esou eng Partie nei Lieser dobäi. Feststeet op alle Fall: mat esou enger Jubiläumseditioun hätte wuel déi mannste gerechent.