U sech sollte si just zesummen iessen a sech besser kenneléieren. Doraus gouf allerdéngs eng ongewollte WG.

D'Sich no hirer grousser Léift huet eng Fra zu Zhengzhou an eng mësslech Lag bruecht. Den Ament, wéi si mat hirem Blind Date um iesse war, gouf déi chineesesch Milliounemetropol ofgerigelt. Zanterhier sëtzt si a senger Wunneng fest. Dat mellt d'Zeitung "The Paper" aus Shanghai.

U sech wollt si just eng Woch zu Zhengzhou verbréngen, fir e potentiellen Hochzäitskandidat ze fannen, ma doraus gouf eng temporär WG. An dat mat engem Mann, deen "stomm wéi en hëlze Mannequin" ass. Wärend hie fir si kacht, sech ëm de Stot këmmert an am Homeoffice schafft, schléift si aus. Keng Spuer vu Romantik, sou d'Fra. Nieft der miserabeler Kommunikatioun harmonéiert et och net op kulinareschem Niveau. D'Iessen, dat hien hir zoubereet, soll just mëttelméisseg sinn, sou d'Wang. Awer si géing et trotzdeem léif fannen, datt hien ëmmer bereet wier, fir si ze kachen. Ma de Wonsch no engem méi gespréichege Partner bleift bestoen.