D'Penthouse-Wunneg läit direkt iwwert dem Central Park. Ronn zwee Joer huet den Daniel Och probéiert, d'Wunneng ze verkafen.

An där Zäit huet sech de Präis vun der New Yorker Luxuswunneng méi wéi verduebelt. Kaf hat den US-Milliardär se nämlech 2019 fir ronn 93 Milliounen Dollar. Dofir kritt een dann eng 900 Quadratmeter Wunneng mat véier Schlofzëmmer an engem direkte Bléck op de Central Park. De Keefer vun der Wunneng ass bis ewell anonym.

Et ass awer net déi deierste Wunneng, déi bis ewell zu New York verkaf gouf. 2019 hat de Fondsmanager Ken Griffin 238 Milliounen Dollar fir eng Wunneng bezuelt, déi am selwechte Gebai läit, wéi dës.

Den Och, deem säi Verméigen op 4,1 Milliarden Dollar geschat gëtt, huet säin Haaptwunnsëtz vun New York a Florida verluecht. Dëst Penthouse sollt dem 61 Joer ale Fondsmanager als Zweetwunnsëtz déngen. Ma de Milliardär huet op enger anerer Säit vum Central Park nach eng weider Wunneng, déi gëtt op 57,5 Milliounen Dollar geschat.