Hutt Dir schonn eng Kéier Krokodilsfleesch geschmaacht? Nee? Dann ass et vläicht un der Zäit. An Thailand ass d'Fleesch vun de Reptilien de Moment den Hit.

Vill Leit klammen den Ament ëm op Krokodilsfleesch. Dat well et eng bëlleg Alternativ zum Schwéngefleesch ass, dat ëmmer méi deier gëtt, ma awer och well et besser schmaache géing, relativ fettfräi a voll mat Proteinne wier. Esou zitéiert d'Zeitung "Bangkok Post" ee Besëtzer vun engem "Krokodilshaff". Krokodilsfleesch géing ee scho fir ronn 105 Baht (2,80€) pro Kilo kréien. Schwéngefleesch géing awer mat 200 Baht (5,30€) bal dat Duebelt kaschten.

Den ieweschten Deel vum Schwanz wier de Gourmeten no dat beléiftsten a leckerst Stéck. De Goût wier deem vu Gefligel änlech. D'Fleesch vun anere Kierperdeeler kéint een awer och op vill verschidden Aart a Weise benotzen. A Grillplate mat Nuddelen oder am Wok géing et besonnesch gutt schmaachen.