Viru Geriicht wëll de Prënz Harry duerchsetzen, datt hie Policeschutz kritt, wann hien a Groussbritannien ass.

De britteschen Inneministère hat entscheet, datt bei engem Besuch keng Poliziste fir de Prënz Harry sollen ofgestallt ginn - an dat, obwuel de Prënz selwer dofir bezuele wollt. Déi Decisioun wëll den zweete Jong vum Prënz Charles an der Lady Diana, dee jo am Abrëll 2020 mat senger Fra Meghan Markle vu senge royalen Aufgaben zeréckgetrueden ass an elo an den USA wunnt, geriichtlech iwwerpréiwe loossen.

"Dat Vereenegt Kinnekräich wäert ëmmer dem Prënz Harry seng Heemecht sinn", esou d'Affekote vum Prënz. Hie géing sech dowéinst wënschen, datt och seng Fra a seng Kanner a Groussbritannien sécher sinn. Ouni den zousätzleche Schutz vun der Police géingen hien a seng Famill bei engem Besuch op der Insel awer een "ze grousse perséinleche Risiko" agoen. Och wier den Affekoten no gutt dokumentéiert, datt de Prënz a seng Famill dacks Menace vun "Neonazien an Extremisten" kréien.

E Regierungsspriecher wollt zu der Affär näischt soen, huet awer dorop higewisen, datt de Schutz fir prominent Leit a Groussbritannien gutt a "verhältnesméisseg" wier.