Iwwer 14 Millioune Mënschen hu sech d'Jubiläumssendung vu "Wetten, dass..?" zesumme mam Thomas Gottschalk am November lescht Joer ugekuckt.

Wéi ZDF e Méindeg matgedeelt huet, soll den Thomas Gottschalk dëst Joer an 2023 all kéiers eng Editioun vun der beléifter Show moderéieren. Grond wier déi héich Resonanz am November mat iwwer 14 Milliounen Mënschen, déi "Wetten, dass..?" gekuckt. Dat wier "iwwerwältegend" gewiescht, sou den ZDF-Ënnerhalungschef Oliver Heidemann.

De Gottschalk-Comeback hat deemno esou ee Succès, dass een zesumme mam 71 Joer alen Entertainer decidéiert hätt, d'Geschicht vu "Wetten, dass..?" weiderzeschreiwen, sou den Heidemann. A vun elo u wieren all Wett-Iddie wëllkomm. Déi nächst Editioun soll am Hierscht op der Tëlee lafen, wou d'Sendung gedréit gëtt a wéini genee, dat soll an den nächste Méint annoncéiert ginn.

Déi éischt "Wetten, dass..?"-Show gouf viru gutt 40 Joer am Februar 1981 gewisen. Moderéiert gouf se deemools vum Frank Elstner, hien hat d'Format erfonnt. Duerno huet de Gottschalk iwwerholl, dat vun 1987-1992 a vun 1994-2011, ier e vum Markus Lanz ofgeléist gouf.