Wie schonn zu London war, huet bestëmmt hir Telefonskabinne vun der Tëlee kannt.

Elo am Zäitalter vun der moderner Kommunikatioun, wou mer virun allem un den Handy denken, kann ee sech jo bal froen, ob dës elo an England verschwannen? Nee, dat ass net de Fall, si bleiwen erhalen a kréien eng nei Funktioun dobäi. Si si souzesoen niewent de Busser zu London an der Haaptstad e Symbol ginn. A verschiddene kritt een zum Beispill Kaffi.

Mee net nëmmen als Buttek ëmgebaut fënnt ee se. An 3.000 Stéck gëtt et och den Ament en Defibrillator, dee vun der Communautéit "Heartbeat Trust" ënnerstëtzt gouf. Fir si ass et wichteg, dass jiddereen Accès dozou huet, eppes, wat et méi an de Groussstied gëtt.

Eng Kommunikatiounsfirma huet fir e symbolescht brittescht Pond pro Kabinn se all opkaaft an hinnen domadder eng nei Funktioun ginn. 24 Stonnen op 24 an dëst 7 Deeg an der Woch kann een elo Liewe retten. Esou sinn den Ament a ganz England dëser Kabinnen am Asaz a verschiddener falen engem direkt an d'A.