D’Schampesregaler si sou gutt wéi eidel. Muss ee sech Suergen ëm de Cremant maachen?

Mat engem spruddelege Glas Cremant oder Schampes stousst een dach gären emol un. Sief et op engem Fest, am Restaurant oder mat Kolleegen doheem. Mä wat mécht een, wann et kee méi ze kafe gëtt?

D’lescht Joer ass de Verkaf vum Schampes an der Champagne rekordverdächteg an d’Luucht gaangen. Kuerz virun de Feierdeeg hu se bemol gefaart, virun eidele Regaler ze stoen.

Mä wéi huet dat zu Lëtzebuerg ausgesinn, sinn och hei Rekorder gebrach ginn?

Oder war et rëm e schlecht Joer fir d’Kellereien?

Zwee passionéiert Cremant-Kenner vun der Vinsmoselle ginn en Iwwerbléck.