An engem weidere Prozess soll et ëm Virwërf vun der Sängerin géint hire Papp goen. Deen dogéint fuerdert nach Suen, déi hien zegutt hätt.

Den Affekot vun der Sängerin Mathew Rosengart huet dem "Roling Stone Magazine" no nees al Virwërf ervirbruecht, datt d'Britney Spears vun hirem Papp, dee laang hire Virmond war, massiv iwwerwaacht gouf. Weider soll, esou den Affekot, den Jamie Spears sech an där Zäit um Verméige vu senger Duechter beräichert hunn. Dogéint fuerdert de Papp, datt hien a seng Affekoten nach Suen zegutt hätten fir déi Aarbechten, déi si wärend der Tutelle geleescht hunn.

D'Riichterin hat elo am Sträit keng Entscheedung geholl, mä de Prozess op Enn Juli ugesat. Och huet si decidéiert, datt d'Britney Spears elo mol keng Geldreserve muss uleeën, fir de Papp eventuell méi spéit auszebezuelen. D'Sängerin kann also fräi iwwert hiert d'Verméige verfügen.

13 Joer laang stoung d'Spears ënnert der Tutelle vun hirem Papp an hat Mëtt November hir Fräiheet erëmkritt. Als Oplag hat d'Geriicht awer festgeluecht, datt d'Finanzen an déi perséinlech Situatioun vun der Popsängerin missten iwwerpréift a kontrolléiert ginn. 2008 war si ënnert d'Tutelle vun hirem Papp gefall, nodeem si privat a berufflech Problemer hat an dowéinst psychesch zesummegebrach war.