D'Zara Rutherford aus der Belsch huet mat hiren 19 Joer schonn direkt zwee Weltrekorder opgestallt.

Si ass net just déi jéngste Fra, déi jee eleng ëm d'Welt geflunn ass, mee och déi jéngste Pilotin, déi dat an engem just 325 Kilo schwéiere Mikro-Fliger gepackt huet. Guiness World Records hunn der jonker Bréisselerin hir Rekorder en Donneschdeg confirméiert.

D'Zara Rutherford, déi hir Fluglizenz am Joer 2020 no jorelaangem Training mat hirem Papp krut, ass den 18. August 2021 op hir Weltrees gestart. Mat hirer gewoter Aktioun wollt si Opmierksamkeet fir Fraen an de STEM-Wëssenschafte gewannen. En Donneschdeg ass si dunn no ronn 52.000 Kilometer nees um Flughafe Kortrijk-Wevelgem am Weste vun der Belsch ukomm - awer net, ouni virdrun nach ee klengen Tour ze dréinen.

Dem Zara Rutherford hir gréisste Rees war wuel awer och déi leschte vun där Zort. "Ech géing dat net nach emol maachen", sou déi 19 Joer al Fra an der leschter Etapp vun hirer Rees. Nieft ville schéine Momenter hätt et och Momenter ginn, an där si Angscht ëm hiert Liewen hat.

Virum Zara Rutherford huet de Rekord vun der jéngster Fra, déi eleng ronderëm d'Welt geflunn ass, der 30 Joer aler Amerikanerin Shaesta Waiz zanter 2017 gehéiert. Bei de Männer gëtt de Rekord vum 18 Joer ale Britt Travis Ludlow gehalen, dee seng Rees am Summer 2021 komplettéiert huet.