Pandemie-bedéngt gouf op gréisser Feierlechkeete verzicht, ma den 18. Gebuertsdag vun der Prinzessin Ingrid Alexandra gouf trotzdeem gefeiert.

Um Programm stoung nämlech héije Besuch vu staatleche Vertrieder. Ënnert anerem huet si de Ministerpresident Jonas Gahr Støre an de Parlamentspresident Masud Gharahkhani empfaangen. Et war e groussen Dag fir d'Prinzessin. Net nëmmen ass si elo volljäreg, ma e Freideg war déi éischte Kéier, datt si als Beobachterin bei engem Treffen tëscht hirem Grousspapp (Kinnek Harald V.), hirem Papp (Krounprënz Haakon) an der Regierung duerft dobäi sinn.

Ausserdeem huet si hir éischt offiziell Interviewe ginn. Am Gespréich mat NRK huet déi mëttlerweil erwuesse Prinzessin betount, datt si bereet wier fir d'Roll, déi op si waart. Eruessen ze si géing e bësse méi Verantwortunge mat sech bréngen, ma gläichzäiteg awer och méi Fräiheeten. Vun elo u kéint si nämlech eleng verreesen. Ma ganz uewen op hirer Wonschlëscht steet d'Autofueren.

Op d'Fro, wat si fir Pläng no der Schoul huet, huet si geäntwert, datt sech hir Meenung relativ heefeg géing änneren. Hir Mamm géing sech awer wënschen, wa si eng Doktesch-Ausbildung maache géing, sou nach d'Prinzessin Ingrid Alexandra.

D'Gebuertsdagskand duerft sech iwwerdeems iwwert e Surfbriet vun der Staatsverwaltung freeën. Vun der Regierung gouf et eng gebonnen Ausgab vun der Verfassungsännerung aus dem Joer 1990.