Am Südpazifik hu Mieresfuerscher eng grouss Decouverte gemaach: Ee ronn dräi Kilometer laangt, gesond Koralleriff.

Dat nei entdeckte Koralleriff, dat an engem gudden Zoustand ass, läit tëscht 35 a 70 Meter ënnert der Surface vum Mier, wéi d'Wëssenschafts-Zeitung "New Scientist" bericht. Et ass mat sengen dräi Kilometer Längt eent vun de gréisste Riffer, déi an dëser Déift bis ewell fonnt goufen. Dat schreift ënnert anerem d'Unesco, déi mat un der Missioun geschafft huet.

Fuerscher, déi un dem internationalen Effort bedeelegt sinn, de Mieresbuedem ze kartographéieren, haten d'Koralleriff am November fonnt. Bis ewell sinn eréischt ronn 20 Prozent vum Mieresbuedem erfaasst, schätzt d'Unesco.

"Wéi ee Konschtwierk" hätt d'Riff ausgesinn, esou de franséische Fotograf Alexis Rosenfeld, deen d'Taucherteam geleet huet. "Et war magesch, déi riseg, wonnerschéin a rouseförmeg Korallen ze gesinn, déi sech esou wäit strecken, déi d'A ka gesinn." An engem nächste Schrëtt wäerten d'Fuerscher elo probéieren, méi iwwert den Ökosystem ronderëm d'Koralleriff eraus ze fannen.

Koralleriffer ginn dacks als "Longe vun der Äerd" bezeechent. Si absorbéiere CO2 a bidde ronn 60.000 Déieren- a Planzenaarten een Doheem. Well d'Mierer duerch den Afloss vum Mënsch awer ëmmer méi sauer an ëmmer méi waarm ginn, si vill vun dëse Koralleriffer elo um ofstierwen. Dobäi si si och fir eis Mënschen iwwerliewenswichteg.