D'Fuesvakanz steet virun der Dier an domat ass d'Schisaison voll amgaangen. Onvirbereet an d'Vakanz ze fueren, ass net déi bescht Iddi.

Vill Lëtzebuerger zitt et wärend der Fuesvakanz an d'Bierger. A ville Schigebidder changéieren d'Corona-Reegelen Dag zu Dag. An och den Auto ewéi de Kierper spillen an deene kalen Temperaturen net ëmmer direkt mat. Firwat ee sech am Viraus preparéiere soll a wat een alles op senger Checklëscht net vergiessen däerf, gesitt Dir bei eis am Reportage.

Wann een déi lescht zwee Joer wollt an de Wantersport, da war jo net ëmmer direkt vun Ufank u gewosst, ob doraus dann elo wierklech eppes wäert ginn. Besonnesch an Éisträich waren a sinn d'Reegelen déi ganz Zäit iwwer streng. Ma wéi organiséiert sech sou e Schigebitt an dësen Zäiten a wéi ass d'Saison bis ewell gelaf? Mir hunn dëst zu Zell am See nogefrot an hei och eng jonk Lëtzebuergerin kennegeléiert, déi aneren hei Snowboard-Fuere bäibréngt.