D'US-Rapperin Cardi B konnt sech am Prozess géint eng prominent "Klaatsch an Traatsch"-Bloggerin duerchsetzen a kritt 4 Milliounen Dollar zougesprach.

Déi gebierteg New Yorkerin hat d'Youtuberin Tasha K am Joer 2019 verklot, nodeems si a ronn 20 Videoen "béiswëlleg Rumeuren" an "erniddregend a belästegend Behaaptungen" iwwert d'Musekerin an d'Welt gesat hat. Si hat d'Cardi B ënner anerem als "Prostituéiert" bezeechent, déi Herpes hätt a Kokain géif huelen. Donieft war et d'Behaaptung, dass d'Kanner vun der 29 Joer aler Sängerin mat engem Handicap op d'Welt géife kommen.

D'Cardi B krut wéi gesot Recht an 2,75 Milliounen Dollar Schuedenersatz, souwéi 1,3 Milliounen Dollar fir d'Käschte fir den Affekot zougesprach. Der Klo no hätt sech d'Rapperin no dëse Behaaptunge geschummt an humiliéiert gefillt, et wiere séilesch Qualen an eng emotional Péng fir si gewiescht. Donieft wier hire Ruff geschiedegt ginn.