An Éisträich ass Ufanks der Woch ee klenge Staubsaugerroboter aus engem Geschäft ausgebéchst. Réischt no enger grousser Sichaktioun konnt hie fonnt ginn.

Déi grouss Fräiheet huet de klengen "Fluffy" wuel gelackelt: An der éisträichescher Stad Weiselburg huet dee klenge Botzapparat e Méindeg d'Gonscht vun der Stonn genotzt an ass aus deem Geschäft ausgebéchst, dat hien u sech hätt solle propper maachen.

Zanter e puer Woche war hien eréischt am "Wieselburger Schmankerlladen" am Asaz, wou d'Mataarbechterin Ingrid Pruckner dem Staubsaugerroboter de Spëtznumm "Fluffy" ginn hat. Eng Iwwerwaachungskamera huet dem "Fluffy" seng Flucht dokumentéiert: Ëm genee 7 Auer, zu enger Zäit wou den Apparat seng Aarbecht normalerweis u sech scho fäerdeg hätt, sinn d'Diere vum Geschäft am Testbetrib ee Moment kuerz opgaangen.

Déi kuerz Zäitfënster ass dem "Fluffy" awer e sëllegen duergaangen: An aller Rou ass hien eraus op de Parking gerullt. Wou d'Ingrid Pruckner gemierkt huet, datt de Roboter net méi am Geschäft wier, war den Apparat awer och virun der Dier schonn net méi erëm ze fannen.

D'Geschäft huet een Opruff op Facebook gestart, fir de klenge Roboter nees ze fannen, an och eng éisträichesch Gratiszeitung huet de Roboter a senge Schlagzeile matgeholl. Doropshin huet sech eng Fra gemellt, déi de "Fluffy" gesinn hat: Een Drecksmännchen hat de Roboter vun der Strooss geholl a fir Offall gehalen. Am Sammelzenter vun der Stad konnt de Roboter awer schliisslech fonnt ginn a gouf dem Geschäft nees zeréck ginn. Do krut hien e Sticker opgepecht - fir de Fall, datt de "Fluffy" sech nach emol aus dem Stëbs mécht.