Fënnef Jonker aus dem Bouneweger Lycée ginn op d'Geschäft mat den Déieren an, a versichen am Géigendeel, d'Leit zur Adoptioun ze motivéieren.

E flauschege Familljemember ze hunn, dat ass a ville Stéit Tatsaach. Op Hond, Kanéngchen oder Kaz..., Hausdéiere bréngen an der Reegel freet an d Haus. Wouhier d'Déier hierkënnt, ass verschidden. Déi eng kafen se am Buttek oder reservéieren se beim Ziichter - aner Leit fannen hir nei bescht Kolleegen op der Strooss oder adoptéieren se iwwert Associatiounen oder Asyler.
Fënnef Primaner aus dem LTB sinn sech awer sécher: Leit sollen am beschte Fall een Déier adoptéieren, amplaz eent ze kafen. An aus der Iddi hunn si och ee Schoulprojet gestart.

Fir de Message eriwwerzebréngen, hunn déi Jonk e professionelle Realisateur engagéiert, dee mat hinnen ee Promo-Video gedréint huet. Ënnerstëtzt goufen si dobäi vun de Mataarbechter vum Déierenasyl.

Ënnert anerem och d'Liliane Ferron, Relation Publiques vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga. Si ass der Meenung datt vill Leit, déi sech een Hausdéier uschafe wëllen, den Asyl als éischt Ulafstell gesinn, fir do allgemeng Renseignementer ze kréien, oder och een Déier ze adoptéieren. Eng Rei aner Leit géifen awer drop bestoen, eng bestëmmten Hond- oder Katzen-Rass ze hunn, déi si villäicht net an der Adoptioun fannen.

Den Déierenasyl zu Gaasperech huet an der Moyenne 70 bis 80 Hënn am Heem, an zu bestëmmten Zäiten am Joer bis zu 40 Katzen. D'Ursaache wisou dëst Déieren do landen si verschidde – vu finanzielle Problemer, Scheedungen, Krankheeten a Stierffäll bis hin zu Fäll, wou d'Déier muss sezéiert ginn, wéinst schlechter Haltung.

An de meeschte Fäll géif awer d’Iwwerfuerderung eng grouss Roll spillen. Ëmmer erëm géifen sech Leit Déieren zouleeën, ouni sech bewosst ze sinn, wat op si duerkënnt, a wéi vill Zäit a Responsabilitéit dat mat sech bréngt.

Fir ze vermeiden, datt d’ Déieren no engem kuerzen Openthalt an enger neier Famill, zeréck an d Déierenasyl geschéckt ginn, mécht den Asyl am Viraus vun enger Adoptioun eng streng Enquête. Bei Katze muss ee beispillsweis uginn, op d’ Déier virun d Dier däerfen oder net. Bei Hënn spillen d Aarbechtszäite vun de Meeschter eng wichteg Roll. Infoen iwwert d Konditioune vun enger Adoptioun fënnt een op www.deierenasyl.lu.

Vun Méindes bis Samschdes bitt den Déierenasyl zu Gaasperech och Spadséiergäng mat Muppen un. Do däerf jiddweree matmaachen, deen iwwer 18 ass. Déi weider Konditioune kritt een dann op der Plaz erkläert. All d Infoen heizou fënnt een och op www.deierenasyl.lu.