LVMH steet fir Louis Vuitton Moët Hennessy.

Chef vu Moët Hennessy, d’Spart vun de Wäiner an dem méi staarken Alkohol, ass de Lëtzebuerger Philippe Schaus. Dee war déi lescht Woch op Besuch an der Dikrecher Hotelschoul, fir iwwer Luxus an Excellenz ze schwätzen. Am Domaine vum Tourismus oder der Restauratioun si nämlech net just Stärenetablissementer wichteg, mä all Domaine, dee fir Qualitéit steet. Wat dëse Businessman vun der ekonomescher Entwécklung vum Grand-Duché hält, wat fir hien Luxus bedeit, hu mir nogefrot.

Ech war ëmmer op der Sich no Spaass, seet de Philippe Schaus, a laacht. Vläicht iwwert d’Fro, wéi et méiglech ass, dass e Lëtzebuerger vun engem zimmlechen Dramjob, bei deen nächste wiesselt, oder well en einfach gutt drop ass an Humor huet? Och oder op schonns hie President-directeur général ass vu Moët Hennessy.

Lëtzebuerg hätt sech formidabel entwéckelt, de Modell Lëtzebuerg wier net ee vu Finanzen oder Steieren, mä ee vun engem sech upassen a vu Flexibilitéit, seet dee Mann, dee weess, wat Luxus ass, wat Excellenz bedeit. Striving for excellence - dee Slogan steet fir d'Formatioun an der Hotelschoul, ouni dass ee muss d'Zil hunn, a Stärerestaurante ze schaffen. Exzellenz steet an der Hotelschoul nämlech net just fir Qualitéit op alle Niveauen, erkläert den Direkter Michel Lanners.

Luxus wier fir hien awer och, sou de Philippe Schaus, no sengem Schaffalldag zu Paräis, de Weekend op Lëtzebuerg ze kommen, an zu Fouss an d'Stad ze trëppelen. Dëst ass gutt, fir datt een d’Realitéit net vergësst, och dann net, wann et engem selwer un näischt feelt, wier awer grad esou richteg a wichteg! Stéchwuert Krich an der Ukrain.

Portrait Philippe Schaus / Reportage Monique Kater