Villaen a Privat-Assistenten - Een Abléck an d’Luxus-Liewen zu Lëtzebuerg
Och hei am Land huele Leit exklusiv Servicer, wéi déi vum Buttler, dem Chauffeur oder der Gouvernante an Usproch.
Eng Botzfra, déi eemol d’Woch doheem botzt, dat hunn wuel eng Rei Leit hei am Land. Eng Gouvernante, e Chauffeur oder eng Privat-Assistentin, net onbedéngt. Dëst méi exklusiv Servicer ginn dacks vu Privatleit an Usproch geholl, déi finanziell gutt situéiert sinn. Dat selwecht gëllt och fir den Immobiliëmarché – fir grouss, extravagant Villaen ze kafen, muss de Montant um Bankkonto stëmmen.
Eng RTL-Equipe huet hannert d'Diere vun enger 8 Milliounen Euro Villa geluusst, a Professioneller aus dem Service-Beräich kennegeléiert, déi geschoult goufen, fir dem Client ee Gefill vu Confort ze bréngen a säin Alldag an allen Hisiichten ze vereinfachen.