Fir Verschiddener geet et an eng Dramwelt, wa se bis e Fouss bei d'Minettsdäpp zu Esch gesat hunn.

Et ass deen éischte Brietspill-Café zu Lëtzebuerg. Eng iwwer 800 Gesellschaftsspiller fënnt een hei, eng Iddi, déi scho laang am Jacqueline Poupart hirem Kapp war, mee elo eréischt rezent realiséiert gouf.

An zanterhier feelt et hir och net u Clientèle, vu dass et och speziell organiséiert Soiréeë gëtt, ob privat oder public. Sou war zum Beispill och e Pub-Quiz ugesot. De Jérome Decker ass de Quiz-Master a weess, wat op déi iwwer 60 ugemellte Leit duerkënnt: Froen iwwert alles.

Onofhängeg vum Quiz-Owend ginn et awer méi Leit ewéi geduecht, déi sech fir Gesellschaftsspiller interesséieren. Déi meescht wëllen eng flott Zäit verbréngen a komescherweis sinn et déi Jonk, déi selwer vum Handy wëllen ewechkommen.

Virun allem elo no Corona war et villen nees wichteg, sozial ze ginn a sech nees ënner d'Leit ze mëschen. D'Auswiel ass riseg, wien hei näischt fënnt, fënnt da wuel néierens eppes.