D'Christina Allegra an de Jacob Winter reese gär, fuere gäre Vëlo a schaffe gäre fir de gudden Zweck. All dëst hunn d'Münchener elo matenee verbonnen.

Zanter August 2021 si si mat hirem Drotiesel ënnerwee. Hiert Ziel: 13 Länner, 13 Méint laang an 13.000 Euro pro Land sammelen, dëst fir e Projet vun der Unicef. Virun e puer Deeg ware si och zu Lëtzebuerg a sinn eis op de Kierchbierg besiche komm.

Am August lescht Joer, matzen an der Pandemie, ass u sech hir kleng Weltrees ugaangen. D'Christina an de Jacob, iwwregens eng Koppel, klammen all Dag op hire Vëlo. Si wëlle Sue sammelen an dobäi d'Welt entdecken.

Gespent gëtt iwwert hiren Internetsite. wien elo denkt, si géifen no de Sue an all Land heesche goen an hire Projet erklären, falsch geduecht. Op engem Youtube-Kanal kann ee si suivéieren. Gesinn hunn déi zwee scho souzesoen d'Hallschent vun deem, wat se sech virgeholl haten, elo mat Lëtzebuerg waren se am 8. Land. Bis ewell hu se awer eréischt ëm déi 5.300 Euro gesammelt.

Et bleift nach e bësschen ze fueren an op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen. Dat dierfe se awer, soulaang de Vëlo dra passt. Esou ganz streng Reegelen, wéini se wou musse sinn, ginn et net. Och net wéi vill se pro Dag musse fueren. Et ass awer scho virkomm, dass si 110 Kilometer am Dag gefuer sinn.

An esou genéissen déi zwee Münchener hire Congé sans Solde mat engem gudde Gewëssen. Et ass eng Beräicherung fir si an eng finanziell Ënnerstëtzung fir déi, déi se brauchen.