Via eng Internet-Plattform huet e 50 Joer ale Mann eng gebrauchte Kiche kaf, an där e beim Opbau zwou Keese mat insgesamt 150.000 Euro dra fonnt huet.

Geschitt ass dat Ganzt an Däitschland am Landkrees Anhalt-Bitterfeld.

De Mann war sou éierlech an en huet déi béid Keese mat de Suen dran um Policebüro zu Köthen ofginn. Do ware se nawell bass erstaunt iwwert den Inhalt vun de Keesen. D'Police probéiert dann elo, de Virbesëtzer vun der Kichen ze ermëttelen.