Et ass rëm Zäit, de Gaart ze raumen an ze botzen. Dofir hu mir de Gäertner Jeannot Lacour a seng Ekipp zu Réiden un der Atert getraff.

Op hirer Lëscht stinn deen Dag e puer Saachen, wéi d’Beem an d'Hecke schneiden, Lavendel radikal kierzen, frësche Mulch opfëllen an de Wues vertikutéieren. Dem Gäertner Jeannot Lacour no soll dat net nëmmen dobäi hëllefen, de Moos lasszeginn.

"Ech vertikutéieren éischtens, fir de Wues e bëssen ze lëften a fir datt alles, wat sou doudeg opkomm ass am Wuess iwwert de Wanter, erauszehuelen."

Am beschte géing een de Wues dräimol d’Joer düngen. Eng Kéier am Fréijoer, am Summer an dann am Hierscht mat engem speziellen Dünger mat vill Kalium, fir en ze stäerken. Da geet de Wuess och gutt auserneen an et entsti keng Lächer.

Ma eng schéi Wiss zitt awer och gäre Seechomessen un. Dacks kommen hei dann Hausmëttel zum Asaz, wéi kachend Waasser oder Salz. Ma béides géing de Wues awer mat futtimaachen. Dofir soll ee ganz einfach Kaffissaz huelen, well se deen net ausstoe kënnen. Eng anerer Léisung wär et, mam Spuet d’Nascht aus dem Buedem ze huelen an ewechzebréngen.

Och beim Geméis kommen ëfters emol kleng Gourmete laanscht. Gäre loossen et sech d’Schleeke bei engem Blat Zalot schmaachen. Hei wäre sougenannt Béierfalen am effektiivsten.

"Et zitt se un, et muss een oppassen. Duerch de Geroch vum Béier zéien ech se un an ier se an de Béier falen, gi se awer och emol iwwert eng Zalot. Do muss ee wierklech oppassen."

Am beschte setzt een d’Fal e Meter vum Geméis ewech. Och d’Héichbeeter bleiwen net verschount. Hei sinn et virun allem d’Larven, sougenannten Engerlinge, déi hiert Onwiesen dreiwen. Leider bleift engem hei näischt aneres iwwreg, wéi déi auszegruewen an erauszehuelen.

Fir weider Insekten a Krankheete vu Planzen ofzehalen, séit een am beschten eng Mëschkultur un. D’Tomateplanz huet zum Beispill en intensive Geroch, dee verschidden Insekten ewechhält. Nieft Grompere geplanzt, kéinte se awer Krankheete weider iwwerdroen. Hei liest een am beschten no, wat een Niewentenee setze kann a wat net.

Verschidden Hobbygäertner gräife gären och emol zu méi exotesche Planze wéi Olivebeem a Palmen. Déi setzt een am beschten an de Buedem, fir dass se am Wanter net verdréchnen a genuch Waasser zéie kënnen. De Blummebac dogéint géing mat fréieren, wouduerch d’Palm zwar net erfréiert, mee verdréchent. An de Buedem gesat, huet een da vum tropesche Feeling am Gaart och nach méi laang eppes.

No der Gaardenaarbecht huet een dacks nach eng Usammlung vu Plastiksdëppercher iwwreg. Ob Blummen, Geméisplanzen oder Kraider. Alleguerte gi se a Plastiksbehälter am Handel ugebueden a vum Client kaaft. Leider bleift dem Client och net wierklech en anere Choix. Esou gi Joer fir Joer a ganz Europa Milliarden där Dëppercher produzéiert an no enger Kéier rëm ewechgeheit.

Genee deem Problem wëll de SICA-Recycling-Park zu Kielen en Enn setzen. Zanter leschtem Joer hu si eng Sensibiliséierungscampagne an eng Sammelaktioun gestart. Bei hinne kann een déi eidel Dëppercher ofginn a Leit, déi se brauchen, kënne se fir näischt dohinner siche goen.