"The Manuscript Writing Café" am Quartier Koenji zu Tokio kritt de Moment vill Opmierksamkeet. De Grond: e spezielle Service fir eng bestëmmte Clientèle.

Saachen da maachen, wann ee sech se och virgeholl huet. Dat klappt net ëmmer. Vill ze dacks fënnt een eng Oflenkung, sief et um Handy oder virun der Tëlee. Et dréckt ee seng Aarbecht viru sech hier a waart bis op de leschte Stëppel, fir se dann am Stress fäerdeg ze maachen.

E Cafetier a Japan hat elo awer d'Iddi, fir seng Clienten dozou unzereegen, sech selwer ze zwéngen, fir ze schaffen oder an dësem Fall ze tippen. Am "The Manuscript Writing Café" kënne sech potentiell Auteuren zeréckzéien an Iddie sammelen oder si benotzen de Café als Aarbechtsplaz, wa se ënner Zäitdrock sinn, fir hir Texter fäerdeg ze kréien.

A fir seng Clienten dobäi z'ënnerstëtzen, ginn et streng Reegelen.