D’Nacera Meziadi ass Personal Shopper an hëlleft senge Clienten, de perfekten Outfit ze fannen.

Fir déi eng ass et eng Zort Therapie, fir déi aner einfach eng flott Fräizäitbeschäftegung. Et ginn awer och Leit, déi nëmmen ongär Zäit an Opwand an d’ Kleeder-Sich stiechen. Richteg shoppe wëll nämlech geléiert sinn. Soss kann et séier zu enger ustrengender an dacks och net grad produktiver Aufgab ginn.

Wien a Saache Moud Rot sicht, ka sech beim engem Personal Shopper mellen.

Eent dovun ass d'Nacera Meziadi. Si huet jorelaang als Vendeuse an der Moude-Branche geschafft. Dunn ee Studium an der École Supérieure de Relooking zu Paräis absolvéiert. Viru véier Joer huet si sech dunn een Dram erfëllt an d’Moud zum Beruff gemaach. Si ass selbststänneg als Personal Shopper ënnerwee, an dat ënnert hirer Firma “Prêt-à-Oser”. Eng Magazin-Equipe huet déi 43 Joer al Fransousin an der Stad getraff.