Am Live! Planet People e Freideg goung et ëm de LOA-Festival, et gi Leeferinnen a Leefer gesicht an et gëtt musikalesch.

De Sebastian Jacqué léisst mam "LOA Festival" de Belval vibréieren. Nom Season Closing am September 2021 bei der Philharmonie, gëtt de 6. a 7. Mee um Belval gedanzt. Zanter 2019 huet de LOA sech etabléiert a gebuede gëtt dat Bescht, wat elektronesch Musek ze bidden huet. D'Frënn vun EDM, Deep House an Tech House kommen op hir Käschte mat 10 internationalen DJen a lokal Artisten, déi hei opleeën a Party maachen. Informatiounen iwwer de Line-up vum Festival an all praktesch News op www.loa.lu

RTL

De Bob Bertems sicht fir de "Wings for life world run" passionéiert Leeferinnen a Leefer, déi e Sonndeg den 8. Mee zu Gilsdref mam Liichtathleet matlafen. Fir déi 9. Editioun vun der gréisster Course vun der Welt ass Lëtzebuerg eng éischte Kéier mat um Depart. Mat sengen 28 Joer ass hien net just erausgewielt ginn, well hien 189.000 Fans op Instagram huet, mä de Bob lieft och de Message, wou et drëms geet, fir déi ze lafen, déi selwer net kënnen. Inscriptiounen an Info op www.wingsforlifeworldrun.com

RTL

De Purple Schulz ass 1984 mam Lidd "Sehnsucht" opgefall an ass och ënner d'Schrëftsteller gaangen. De Singer/Songwriter mat de poeteschen Texter huet et deemools bis op Plaz 6 an den däitschen Charts gepackt an och Lidder wéi "Verliebte Jungs", "Nur mit dir" oder "Kleine Seen" hunn hir Fans fonnt. Bis elo si 15 Alben erauskomm a seng aktuell Single "Wir sind alle eine Welt" mécht Courage. Seng Stëmm héiert een an Lauschterbicher, donieft engagéiert hie sech sozial fir Demenzpatienten a säin aktuellt Buch heescht "Sehnsucht bleibt".

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.