Zwee Joer laang gouf et wéinst der Corona-Pandemie zu München keen Oktoberfest. Dëst Joer ass déi traditionell Feier awer nees zeréck.

Dat huet den ieweschte Buergermeeschter vu München Dieter Reiter confirméiert. Eng Limitt u Leit, déi op den Terrain vum Oktoberfest dierfen, soll et awer net ginn.

Geplangt ass, datt d'Oktoberfest vum 17. September op den 3. Oktober traditionell op den Theresienwiesen organiséiert gëtt. Et wier déi 187. Editioun vun de "Wiesn". An de leschten 20 Joer hunn ëmmer ëm déi 5,5 bis 6,5 Millioune Leit de Wee op d'Oktoberfest fonnt.