20 Joer Télévie zu Lëtzebuerg, 20 Joer Ënnerstëtzung fir d’Kriibsfuerschung!
Dës Woch am Magazin kucke mir zréck op déi bescht Momenter aus zwee Joerzéngten Télévie, besiche Kriibs-Patienten, déi eis besonnesch an Erënnerung bliwwe sinn, a loossen de Compteur waarm lafen!

An traditionell mécht d’Fondatioun Kiwanis den Ufank mat engem éischte Scheck zu Gonschte vum Télévie. Ma och an der RTL City ass fläisseg fir de gudden Zweck gesammelt ginn, an zwar um Spinning Vëlo. 20 Ekippen an 150 RTL-City-Mataarbechter hu fir de gudden Zweck pedalléiert. RTL Group gëtt pro Kilometer 5 Euro.
All Euro fir d'Kriibsfuerschung zielt:
Mam Smartphone kann een dëse Code ganz gemittlech scannen an iwwer d’App "Payconiq" (fréier "Digicash") säin Don maachen.
Wéi ëmmer heescht et nämlech och dëst Joer: all Euro zielt!