400 Perséinlechkeeten aus den ënnerschiddlechste Beräicher hu sech um Méindegowend de rouden Teppech am "Metropolitan Museum of Art" zu New York gedeelt.

Wéi bei all Editioun vun der glamouréiser Soirée, déi vum Moudemagasinn "Vogue" organiséiert gëtt, stoung d'Moud-Ausstellung vum "Metropolitan Museum of Art" sengem "Costume Institute" souwéi eng Spende-Gala am Mëttelpunkt.

Op der Lëscht vun de Staren, déi bis zum leschte Moment geheim gehale gouf, hu sech bekannt Nimm wéi Billie Eilish, Stromae, Megan Thee Stallion oder Lenny Kravitz fonnt. Mä och den Tesla-Chef an neien Twitter-Besëtzer Elon Musk souwéi déi fréier First Lady an Ex-US-amerikanesch Ausseministesch Hillary Clinton hu sech de Fotografen a Reportere gewisen.

Wien deelhuele wollt, dee misst déif a säi Portmonni gräifen: Souguer mat enger Invitatioun huet een Ticket ronn 35.000 US-Dollar kascht. Wien een Dësch reservéiere wollt, dee misst souguer 200.000 - 300.000 US-Dollar bezuelen.

Och wann déi moudesch Exzentrizitéiten dës Kéier net ganz sou ausgefall ware wéi an de leschten Editiounen, sou goufen et awer e puer Highlighten: Kim Kardashian, Hoerfaarf op platin-blond ëmgefierft, huet sech am Marilyn Monroe hirem berüümte Glitzerkleed gewisen, dat vun der Ikon aus de 50er Jore gedroe gouf, wou et dem John F. Kennedy fir säi Gebuertsdag gesongen huet.

Och d'Blake Lively huet vu sech schwätze gedoen: Déi 34 Joer al Schauspillerin, begleet vun hirem Mann, dem Schauspiller Ryan Reynolds, huet sech an engem kofferfaarwege Kleed gewisen, dat als Hommage un déi New Yorker Architektur geduecht war. D'Fotografen hunn net schlecht gestaunt, wou d'Kleed bemol och eng turquoise Säit gewisen huet.

De Kostüm vum New Yorker Buergermeeschter Eric Adams hat ee politesche Message dobäi: Iwwert enger duerchgestrachener Waff konnt een d'Wierder "End Gun Violence" op sengem Réck liesen, woumat op den héijen Taux u Kriminalitéit an der Milliounestad, mä och am Rescht vum Land ugespillt gëtt.