En d'Dënschdeg huet d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO en neie Rapport zum Iwwergewiicht an Europa publizéiert - a schléit Alarm.

Den Undeel vun iwwergewiichtege Leit ass bannent de leschte 50 Joer ëm 138 Prozent geklommen - bal ee Véierel vun den Erwuessenen an Europa sinn haut ze déck.

Den neiste Rapport geet op Zuele vum Joer 2016 zeréck. Deemools hu 59 Prozent vun den Erwuessenen ze vill op d'Wo bruecht, bei de Kanner war et bal een Drëttel - 29 Prozent vun de Jongen a 27 Prozent vun de Meedercher. 1975 louch den Taux vun den Iwwergewiichtegen nach bei 40 Prozent.

Ëmmer méi Doudesfäll duerch Iwwergewiicht

Alles an allem schätzt d'WHO, datt am Raum Europa eng 1,2 Milliounen Doudesfäll am Joer op Iwwergewiicht zeréckzeféiere sinn. Dat wiere méi wéi 13 Prozent vun allen Doudesfäll.

Iwwergewiicht huet eng ganz Panoplie vun anere Krankheeten, déi domat associéiert sinn. Am Rapport gëtt Iwwergewiicht als Ursaach vun op d'mannst 13 Kriibszorten unerkannt. Eng 200.000 Kriibserkrankungen am Joer kéinten der WHO no wuel op d'Gewiicht vun de Patienten zeréckzeféiere sinn. Domat kéint Iwwergewiicht geschwënn méi ee grousse Faktor am Risk fir vermeidbar Kriibserkrankunge ginn, wéi d'Fëmmen.

D'WHO huet an deem Kontext och d'Politik dozou opgeruff, aktiv ze ginn. Zockerrescht Gedrénks sollt méi héich taxéiert ginn a gesond Liewensmëttel sollte subventionéiert ginn. Och solle keng Reklamme méi fir ongesond Liewensmëttel u Kanner geriicht ginn.

Situatioun mat Covid méi schlëmm ginn

D'Weltgesondheetsorganisatioun fäert, datt den Taux vun den Iwwergewiichtegen an den nächste Joren nach klamme wäert. Méiglech Grënn fir déi rezent Hausse kann d'COVID-19-Pandemie an den domat verbonnene Confinement sinn, dee bei ville Leit fir manner sportlech Aktivitéit an eng dacks méi ongesond Ernierung gesuergt huet.

Op der anerer Säit hätt d'Pandemie och däitlech gemaach, wéi enge gesondheetleche Risiken een duerch Iwwergewiicht ausgesat ass. Fettleiweg Mënsche lafen deemno éischter Gefor un de méi seriöe Folge vun enger COVID-19-Erkrankung ze leiden.