Aus Sand a Feier entstanen, ass Glas eent vun den eelste Materialien, dat schonn zanter 5.000 Joer vu Mënschenhand geformt gëtt.

Am Laf vun de Joerhonnerten hunn déi lëtzebuergesch Glasmécher an hiren Atelieren hiert eenzegaartegt Wësse vu Generatioun zu Generatioun weiderginn.

Am Glas-Atelier zu Munneref ginn all Joer Honnerte vun abiméierte Kierchefënsteren nees zum Liewen erwächt.

Den Daniel Steinbach aus dem Betrib ass am Gaangen engem Privatclient seng Glasmolerei ze restauréieren. Den Tréierer huet och schonn  fir d'Kathedral vu Canterbury an England geschafft, nodeems en elo schonn zanter iwwer 4 Joer hei zu Lëtzebuerg an dësem Atelier schafft. Seng Passioun zum Glas huet sech schonn ganz fréi bemierkbar gemaach an esou huet hie sech fir dëse Beruff entscheet.

Dësen Atelier fir Glaskonscht, deen 1981 gegrënnt gouf, ass deen eelsten an onsem Land. Dausende vu Konschtwierker aus Glas si schonn hei entstanen oder goufen vun der Famill Linster a méi spéit vun der Famill Bauer restauréiert. Schneiden an unenee setzen vu Glas, Glasmolerei, dës Technike ginn schonn zanter iwwer 130 Joer weiderginn a verfeinert.

D'Sandrine Bauer ass Duechter an Enkelin vu Glasmoler. Sie ass an dësem Atelier grouss ginn an huet mat 20 Joer niewent hirem Papp Bernard hei ugefaange mat schaffen. Et war de Bernard, dee senger Duechter d'Léift an d'Techniken vum Glas vermëttelt huet. Viru 5 Joer huet si d'Gerance vum Atelier iwwerholl an féiert domadder eng Familljentraditioun weider, déi schonn zanter 3 Generatioune besteet. Zesumme mat hirem Partner féiert d'Sandrine haut eng Societéit mat 5 Mataarbechter a genéisst weiderhin d'Léift an d'Passioun zum Beruff, déi hei entstane sinn.

E Beruff, bei deem een en eenzegaartegt Wësse muss hunn, awer och Gedold, Geschéck mat de Fangeren an extrem Prezisioun. De Matthias Rathmann, de Partner vum Sandrine, ass grad domadder beschäftegt, fir ëm déi 20 gefierfte Fënsteren ze gestalten. Hie muss bal 1.500 Glasstécker mat der Hand schneiden an dann zesummesetzen, all eenzelt Stéck huet eng aner Form an en eenzegaartege Klang.

Ier dëse Glaspuzzle awer an d'Trapenhaus vum Client kënnt, muss en nach an enger zolitter Bléi Konstruktioun zesummegesat ginn.

D'Zouschneide vun de Stécker ass ëmmer deen Deel, deen am längsten dauert a vill Konzentratioun fuerdert. Bei esou engem Projet ass een emol gären iwwert eng Woch am Asaz an et brauch ee speziellt Geschier.

Dëst eenzegaartegt Wëssen gebrauchen de Matthias a seng Kolleegen net nëmmen an hirem Atelier, mee och zu Lëtzebuerg iwwerall. Am Grand-Duché ginn et ëm déi 500 Kierchen a Kapellen . D'Team gouf scho vun der Stad Lëtzebuerg landeswäit gebraucht, esou ewéi och an der Sakristei vun der Méchelskierch. Dës Kierch ass eng vun den eelsten, déi mer hunn an déi den Ament och renovéiert gëtt.

Dës Fënstere goufen zanter hirer Existenz nach ni komplett renovéiert ginn. Iwwert ee Joerhonnert laang huet sech Stëbs an deene klenge Bläirille gesammelt an d'Zäit huet verschidde Glasstécker verformt. Dëse Chantier besteet aus 8 Fënsteren.

Et sinn iwwregens aussergewéinlech Restauratiounssaarbechten, déi iwwer 6 Méint dauere sollen an déi ëmmer ufänken, andeems fir d'éischt d'Glaspanneauen, déi Geschicht geschriwwen hunn, ewechgeholl ginn an dëst esou delikat ewéi méiglech.

D'Fënsteren, déi restauréiert ginn, mussen all op Munneref, wou se dann eréischt akribesch vun de Glasmoler renovéiert kënne ginn. Virdru muss awer alles nach dokumentéiert ginn, esou gëtt vun all Fënster aus der Méchelskierch eng Foto gemaach, fir esou den Iwwerbléck ze behalen an alles iwwert den Zoustand ze wëssen, da gëtt eréischt um Stéck geschafft. Dës Archivéierungsaarbecht muss gemaach ginn, fir dass ons zukünfteg Generatioune wëssen, wat schonn dru geschafft gouf.

D'Restauréiere vun enger eenzeler Fënster dauert jee no Faarf an Zoustand e puer Wochen. De Mastik ass dat lescht wat gemaach gëtt, fir  d'Glas an der Rumm ze fixéieren. Dono kann d'Glasfënster dann nees op hir ursprénglech Platz zeréckkommen an nees Luucht gesinn.

Dësen Atelier vu Munneref huet och schonn 2004 am Palais geschafft. D'Entreprise huet hei eis groussherzoglech Famill kenne geléiert, déi hier Restauratiounskonscht vu Generatioun zu Generatioun nëmmen bewonnere kann.

Lëscht Joer am Oktober kruten d'Sandrine an hiert Team Besuch vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie. Domadder si si déi 4. Generatioun vun der Famill, déi se an den Atelier besiche geet.

En Handwierk, op dat mer houfreg kënne sinn .

Lëtzebuerg ass e Land mat Traditiounen, an deem et haut ronn 102.000 Handwierker gëtt, déi d'Villfalt vun eisem Wëssen a vum ganze Land representéieren.