Et ass eng kleng Ekipp, mee ënnerschätze sollt ee si net. Zesumme stelle si all Woch vu Méindes bis Donneschdes de Programm vum RTL Magazin zesummen.

Hier Stëmmen an Nimm hutt Dir villäicht schonn emol um Fernsee héieren oder och gelies. Ze gesinn, si si awer éischter méi seelen. Déi eng si gäre virun der Kamera, déi aner manner. Fir eisen neien Online-Format misste si dunn awer all dru gleewen. Duerch e puer Froen, déi mir hinne gestallt hunn, kënnt Dir si lo besser kenne leieren. Natierlech kann net ëmmer alles klappen, mee "et gëtt ëmmer e Plang B!", sou de Jeff Spielmann. An och d’Valeria Wiwinius bleift entspaant. Säi Motto: "Hakuna Matata". Dozou seet de Philippe Dondelinger "et soll een d’Liewen net ze seriö huelen, well et ass nach kee lieweg dervukomm".

Ma wien ass léiwer diskret a wien ass éischter méi ausgefalen? Wien ass den Asia-Freak ënnert de Leit aus dem Magazin? Wisou geet d’Vidosava léiwer bei den Zänndokter wéi bei de Coiffer? Wat ass dem Rosa seng Liblingsstad? All dat a villes méi gitt Dir bei Hannert der Stëmm gewuer.

Jeff Spielmann

Lea Schwartz

Dan Wiroth

Vidosava Kuzmic

Philippe Dondelinger

Rosa Celemente

Pitt Wagner

Valeria Wiwinius

Loïc Juchem