Am Live! Planet People dréint sech e Freideg den Owend alles ëm den Télévie.

D'Josette Conzemius ass déi dreiwend Kraaft vum Télévie zu Rodange an dat huet en trauregen Hannergrond. Als Kand war d'Josette selwer betraff a war an enger Kannerklinik an der Schwäiz. Wéi d'Rodanger Veräiner 2001 op d'Iddi koumen, fir dee jonken Télévie z'ënnerstëtzen, war et fir si normal fir do matzemaachen. Bis haut ass déi fréier Politikerin de Chef, wann eppes organiséiert gëtt.

De 24/25. Juni dëst Joer ass et vir d'Rodanger Veräiner schonn déi 21. Editioun vum Télévie, wou am Laf vun de Joren 770.000.- Euro gesammelt goufen.

RTL

De Mickie Krause ass eng Party-Kanoun. Awer och hie krut am Januar en décken Dämpfer bei der Diagnos Kriibs. Kuerz Zäit drop gouf hien operéiert an am Februar war déi zweet Operatioun. Fir den 51 Joer alen Entertainer ass elo nees alles ok. Hie ka sech nees op seng Musek konzentréieren an d'Leit zum feiere bréngen. De béisaartegen Tumeur ass komplett fort a sou spiert hie sech och. Elo kuckt hie positiv no vir a freet sech och op Lëtzebuerger Touristen.

RTL

De Ludovic Daxhelet ass e bekannt Gesiicht vun RTL TVI. Fir den Télévie strampelt hie 400 Kilometer mam Cuistax. 5 Deeg huet hie sech fir dee Challenge ginn an zesumme mat Kolleegen a Fans ginn ënnerwee och Sue fir d'Recherche gesammelt. Op télévie.be kann ee permanent gesinn, wou hien drun ass an ob hien et fäerdeg bréngt, fir pünktlech e Samschdeg den Owend zu "Mons Expo" fir déi grouss Télévie-Soirée vun eise belsche Kolleegen unzekommen, wou de Pascal Obispo dëst Joer de Pätter ass.

RTL

Dem Jochen Busse säin Häerz schléit awer fir den Theater. Den 12. Mee kënnt hien op Lëtzebuerg. Bekannt ass de Jochen Busse duerch "7 Tage 7 Köpfe", wou hien nieft dem Rudi Carrell a Mike Krüger den Host war. Op der Tëlee war hien awer och a ville Serien derbäi, richteg doheem ass hie wéi gesot awer am Theater. Zesumme mam Hugo Balder kann een hien dann am Mee zu Maarnech am Cube am Stéck "Komplexe Väter" gesinn.

RTL

De Frank Manes ass Kach mat Leidenschaft. Als Kand war all Moolzecht e wichtege Moment an der Famill. Speziell déi franséisch an déi Lëtzebuergesch Kiche si senges an all Joer setzt hie sech an den Déngscht vum Télévie-Dinner wou hien zesumme mat anere Käch déi vill Leit verwinnt, déi sech op e speziellen Owend freeën a wou all Plate vu Membere vun der RTL Ekipp zerwéiert ginn, a wou och all Joer e schéine Scheck d'Soirée verséisst.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.