De 50 Cent, den Nicholas Cage oder och d'Kim Kardashian dierfen anscheinend kee Ferrari méi verkaf kréien. Neiste Blacklist-Member ass den Justin Bieber.

De Museker ass net esou mat sengem italienesche Kultauto ëmgaangen, wéi een dat zu Maranello gären hätt. Wéi international Medie wéi d'"Times" mellen, steet den 28 Joer jonke Sänger dowéinst op enger schwaarzer Lëscht bei Ferrari.

De Bieber huet als éischt emol säi Ferrari 458 Italia F1 ëmlackéiere gelooss, dat an neonblo. Da stoung dëst Schmockstéck donieft nach zwou Wochen einfach esou zu Los Angeles ofgestallt, well den Justin Bieber no enger Partynuecht net méi wousst, wou hie säin Auto geparkt hat. An dann, quasi d'Doudsënn, huet hien en zousätzleche Kotfligel um Auto montéiert an hat Felge vun engem aneren Hiersteller op sengem Auto, deen hien dono och nach verkaf an d'Sue gespent huet.

Ferrari gesäit seng Autoen net nëmmen als e motoriséiert Gefier un, mä als Konscht an esou gëtt et fir all Besëtzer vun engem Ferrari verschidde ganz streng Reegelen, géint déi ënner anerem eegestänneg Modifikatioune verstoussen. Och dierf ee säi Ferrari net am éischte Joer, wou een e besëtzt, verkafen, an d'Firma muss iwwert all Verkaf informéiert ginn an d'Méiglechkeet kréien, den Auto selwer zeréckzekafen. Dat alles huet de Bieber awer ignoréiert.

Esou gëtt et fir de Multimillionär an Zukunft méi schwéier, wann net esouguer onméiglech, fir selwer nach eng Kéier ee vun dëse Konschtwierker op Rieder ze besëtzen.