Déi éischt helleg Kommioun ass fir vill Kanner e ganz besonneschen Dag, verbonne mat vill Opreegung. Nervös war wuel och d'Brynley Heidebrink aus den USA.

Dat 7 Joer aalt Meedchen huet nämlech fir e klenge Skandal gesuergt. Wéi de Paschtouer him de Kellech mam Wäin dohi gehalen huet, dee jo symbolesch fir d'Blutt Christi steet, huet d'Brynley net laang gezéckt an de Wäi ganz einfach mol komplett gëext.

De Paschtouer war iwwregens esou perplex, dass en net op d'Iddi koum, de Kellech fortzehuelen, obschonn e puer Mol ugesat huet. E klengt Laache konnt hie sech allerdéngs och net verkneifen.

D'Mamm huet de Video op de soziale Reseaue gedeelt, dat och am Hibléck op Kritik, well awer munch ee sech gefrot huet, wéi esou e klengt Meedchen awer schonn esou eng gutt Schléck kann hunn. Eng richteg Erklärung huet si net kritt, wéi si hiert Meedchen drop ugeschwat huet, wisou et de Becher eidel gedronk hat. Et wier einfach geschitt, geschmaacht hätt et och net.

Nach virun der Zeremonie hat d'Brynley hir Mamm gefrot, wéi vill Wäin et muss drénken. Den Tipp, dass et duergeet, just mat de Lëpse widder ze kommen a mol keng Schlupp mussen ze huelen, dat hat d'Brynley vu lauter Opreegung ganz vergiess.

Wien och elo dovun ausgeet, dat 7 Joer jonkt Meedchen hätt wuel seng Kommioun verschlof oder dono kräfteg gefeiert, dee muss een op dëser Säit awer enttäuschen. Wéi d'Mamm Stefanie Heidebrink nach wësse gedoen huet, huet hiert Meedche just méi geschwat wéi soss.

De Video gouf iwwregens iwwer 16 Millioune Mol op TikTok ugekuckt.