Den Zirkus ass den Ament um Kierchbierg an zwar hannert der Coque verstoppt.

Den Zirkus Zaltimbanq invitéiert op d'Semaine du Cirque Sous Chapiteau. Dëst soll och deene Jonke Loscht maachen, fir sech an der Zirkus-Schoul unzemellen. Lëtzebuerger Artisten awer och där aus dem Ausland verzaubere nach bis e Samschden de Public. Dës Woch sinn och international Artiste mat dobäi, fir eis jonk Nowuesstalenter eng Motivatioun an eng Confirmatioun, dass se net fir näischt an d'Zirkus-Schoul gaange sinn.

Vill Jonker entscheede sech ëmmer méi, fir an d'Zirkus-Schoul ze goen amplaz an e Sport-Club. Am Zirkus muss ee vill u sech selwer schaffen, fir sech ze perfektionéieren, säi perséinlechen Erfolleg erlieft een och aneschters, meeschtens dann eréischt bei der 1. Show, wann d'Leit klappen.

A jo, et ginn och zu Lëtzebuerg Leit, déi vum Zirkus liewen, déi aus hirem Hobby hire Beruff gemaach hunn.