Kréien déi eng Féierungsqualitéiten an d'Wéi geluecht an aner net? Dass dat net sou ass, wëllen däitsch Fuerscher elo rausfonnt hunn.

Keng Persoun ass e gebuerene Chef, sou hire Fazit. Villméi wuesse Féierungsperséinlechkeete Stéck fir Stéck an hir nei Roll eran, an dat laang Zäit, éier se eng Chef-Plaz untrieden.

Psychologe vun der Humboldt-Universität Berlin hu fir hir Analys Donnéeë vu ronn 2.700 Persounen, déi iergendwann eng Féierungspositioun iwwerholl hunn, mat deene vun 33.700 schaffende Leit verglach, déi ni eng Chef-Funktioun haten. Dës Donnéeë stamen aus dem Sozio-Ökonomesche Panel (SOEP), eng bevëlkerungsrepresentativ Laangzäitetüd.

Dobäi koum eraus, dass zukünfteg Cheffe sech däitlech vun deenen ënnerscheeden, déi ni eng Féierungspositioun kruten. Ee Joer, éier si an hirer Karriär ganz no uewe geklomme sinn, ware si méi extrovertéiert, oppen, emotional stabil, gewëssenhaft an éischter dozou bereet, Risiken anzegoe wéi déi aner, sou d'Fuerscher aus Berlin. Donieft hu si méi staark dru gegleeft, hiert eegent Liewe beaflossen ze kënnen. 5 Joer, éier et esouwäit war, hunn déi zukünfteg Cheffen hir Perséinlechkeet kontinuéierlech verännert. Charaktereegenschafte wéi Oppenheet a Risikobereetschaft hu sech ausgepräägt.

Nodeems si hir Plaz als Chef bis ugetrueden haten, hu sech dës Mierkmoler nees zeréckentwéckelt, sou d'Fuerscher. Dofir huet awer hiert Selbstwäertgefill laangfristeg zougeholl.