Bannent just e puer Deeg huet d'Moderatorin Deborah James 4,7 Milliounen Euro fir d'Kriibsfuerschung gesammelt. Eng Aktioun, déi d'Queen beloune wollt.

2016 krut d'James d'Diagnos: Daarmkriibs. E Méindeg huet déi 40 Joer al Fra annoncéiert, dass si net méi laang liewe wäert. Si hätt de Kampf géint de Kriibs verluer a wier dowéinst an d'Haus vun hiren Eltere geplënnert, fir do ze stierwen.

Kuerz virum hirem Doud wollt d'BBC-Moderatorin awer nach eppes bewierken an huet eng Spendenaktioun an d'Liewe geruff. Den Erléis soll un d'Kriibsfuerschung goen. Eng Aktioun, déi bannent kierzter Zäit e grousse Succès ginn ass. Nieft dem Boris Johnson hunn och de Prënz William a seng Fra Kate gespent. 4,7 Milliounen Euro si bis ewell zesummekomm.

Domat net genuch. D'Queen wollt den Engagement vun der zweefacher Mamm belounen an huet der Podcasterin kuerzerhand en Adelstitel ginn. Si gouf vun der brittescher Kinnigin zur "Damm" ernannt. "Wann een dës Éierung verdéngt huet, da si", sou d'Wierder vum brittesche Premier Boris Johnson. Si wier eng "Inspiratioun, an hir Éierlechkeet, Wäermt an hire Courage sinn en Zeeche vu Stäerkt fir vill Mënschen".

Et kënnt éischter seele vir, dass d'Queen eng Persoun esou kuerzfristeg zu enger Damm oder engem Ritter ernennt.