Mat engem Laachen um Gesiicht an offensichtlech gutt gelaunt huet d'brittesch Kinnigin sech beim Ofschloss vun der Royal Windsor Horse Show gewisen.

Et war dat éischt Evenement zu Éiere vum 70. Trounjubiläum vun der Queen: Zwar mat der Hëllef vun engem Bengel, awer relativ monter, huet déi 96 Joer al Kinnigin sech e Sonndeg den Owend an déi royal Box beweegt, fir d'Show "E Galopp duerch d'Geschicht" zu Windsor ze kucken.

Eréischt d'lescht Woch hat déi brittesch Kinnigin mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen: Si huet déi feierlech Ouverture vum Parlament missten ofsoen a sech duerch de Krounprënz Charles vertriede loossen. Et war eréischt déi drëtt Kéier an hire 70 Joer Troun, datt d'Elizabeth II beim "Queen's Speech" net mat dobäi war. Dat huet natierlech d'Suerge vun de Britten an de Monarchie-Fans op der ganzer Welt verstäerkt.

Datt d'Queen awer leschte Freideg fir eng Stonn beim Reidturnéier zu Windsor war, huet d'Kinnekräich opootme gelooss. An elo huet een d'Monarchin bei der Royal Windsor Horse Show laachend an an d'Hänn klappend op der Tribün an um Rouden Teppech gesinn. Et gouf esouguer Standing Ovations vun den anere Gäscht, wéi d'Queen bei der Show ukoum.

Bei der Show "E Galopp duerch d'Geschicht" ware ronn 500 Päerd an 1.300 Kënschtler dobäi. Et war dat éischt grousst Evenement am Kader vum Trounjubiläum, deen Ufank Juni da mat Militärparade richteg gefeiert gëtt.

RTL

© POOL/AFP/Steve Parsons