Ëmweltbewosst handelen ass iwwer déi lescht Joren zu engem internationale Liewensmotto ginn, bei deem och d'Dréckereie matmaache wëllen. Mä wéi?

Fir där Fro op de Gronn ze goen, ware mir bei zwou verschidden Dréckereie luussen an hu mat hinnen iwwer Nohaltegkeet a Kritik um Metier geschwat. Niewent lokale Produiten, "second-hand" Kleeder a manner Auto fueren, gëtt nämlech och ëmmer nees drop higewisen, dass ee manner Pabeier soll benotzen, fir den Impakt op d'Ëmwelt ze reduzéieren.

An deem Kontext gouf viru Kuerzem och en neie Gesetzesprojet gestëmmt, dee Reklammen an de Bréifboîte soll verbidden, bezéiungsweis just erlaben, wann d'Leit ausdrécklech dono froen. Dat wier also de genaue Géigendeel vun deem, wéi d'Reklammeverdeelung den Ament funktionéiert. D'Iddi wier et net, Pabeierreklammen de facto ze verbidden, mä vill méi de Pabeierkonsum ze reduzéieren an dem Consommateur d'Méiglechkeet ze ginn, selwer z'entscheeden op e wëll Reklamme kréien oder net.

Dem Jean-Paul Schmitz, Besëtzer vun der Dréckerei Ossa a President vun der Association des Maîtres Imprimeurs du Grand-Duché de Luxembourg no wier dat fatal fir d'Dréckereien a fir vill Beruffer, déi am Zesummenhang mat der Reklammeverdeelung schaffen. An engem offizielle Bréif un déi deemoleg Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass hien ënner anerem op de kritiséierte Pabeierkonsum agaangen.

"Le papier est l'un des produits les plus recyclés au monde. En Europe, les systèmes de collecte sélective du papier et les usines de recyclage sont bien établis et fonctionnent bien. Le taux de recyclage du papier est bien plus élevé en Europe que dans d'autres régions du monde. Avec un taux de recyclage du papier de 73,9%, l'Europe est le leader mondial", sou de Jean-Paul Schmitz. "Le vieux papier n'est pas un déchet mais une matière première pour la fabrication de nouveau papier ou de carton d'emballage. Les publicités qui arrivent dans la boîte aux lettres sont généralement imprimées à partir de papier journal, qui contient un pourcentage élevé de fibres recyclées."

Am nämmlechte Bréif huet hie vermierke gelooss, dass, wann d'Reklammen net méi kéinten an all Bréifboîte geheit ginn, de Budget, deen d'Betriber fir Reklammen aplangen, éischter fir online Marketing géif benotzt ginn, wat och net ouni Folge fir d'Ëmwelt wier.

Iwwer déi lescht Joren hätten d'Dréckereie grouss Schrëtt a Richtung Nohaltegkeet gemaach, an zwar an alle Hisiichten. De Pierre Benker, Gerant vun der Dréckerei EXEPRO zu Ëlwen, hieft hei ënner anerem d'Benotze vu Faarwen op Bio-Basis an d'Recycléiere vun den Aluminiumdrockplacken ervir.

Mä wéi gesäit de Prozess an den Dréckereien elo genau aus? A wéi fern ënnerscheede sech déi Bio-Faarwe vun den übleche Faarwen? Fir wat ginn déi Aluminiumdrockplacke benotzt an a wéi enge Beräicher gëtt et nach Besoin fir méi nohalteg Alternativen? D'Äntwerte ginn et am Reportage.