Zu Dijon ass virun enger Woch d'Cité internationale de la gastronomie et du vin opgaangen. E spezielle Projet fir méi Leit an d'Stad ze lackelen.

Déi franséisch Kichen huet scho laang international Renommée a gouf 2010 och als Immateriellt Kulturierwe vun der UNESCO klasséiert.

Déi bekannt Kachschoul Ferrandi konnten déi Responsabel vun Dijon am Virfeld schonn iwwerzeegen, do eng weider Antenne opzemaachen. Nieft dem moderne Ferrandi Bau, steet d’Cave de la Cité eng universal Önothéik - 600 m2 op 3 Stäck mat Wäin aus allen Ecker vun der Welt, awer och der Bourgogne, fir ze kucken an natierlech ze schmaachen.

Weider Informatiounen ronderëm dëse Projet, dee méi Touristen op Dijon lackele soll, am Reportage.