D'Zuel vun de Schéinheetsoperatioune bei eisen däitschen Noperen huet weiderhi grousse Succès. Wärend der Pandemie souguer nach méi wéi soss.

Wéi d'Vereinigung der Deutschen Ästhetisch-Plastischen Chirurgen e Freideg op hirer Joreskonferenz zu Berlin bekannt ginn huet, sinn ästhetesch Behandlungen d'lescht Joer ëm ronn 15% geklommen. No ronn 81.500 Agrëff d'Joer virdrun, goufen 2021 iwwer 93.800 Schéinheetsoperatiounen enregistréiert.

Ganz beléift waren op en Neits Traitementer am Gesiicht. Ganz uewen an der Statistik sinn déi sougenannte minimalinvasiv Agrëff am Gesiicht wéi zum Beispill géint Fale mat iwwer 27.000 Behandlungen. Direkt hannendru leien Traitementer mat Hyaluronsaier a sougenannte Filler mat bal 21.600 Agrëff.

Dono kommen nach Fettofsaugunge bei Männer a Fraen, déi 2021 am Verglach zum Joer virdru mat 32,6% ëm ronn een Drëttel an d'Luucht gaange sinn. Mat 25,7% sinn och Korrekturen un de Lëpse méi beléift ginn. D'Zuel vun de Broschtvergréisserungen ass am Verglach zum 1. Coronajoer ëm 22% geklommen.

Dat d'Schéinheetsagrëff nees eng Kéier méi beléift gi sinn, wier op dat majoritäert Notze vu Videokonferenzen an d'Maskedroen zeréckzeféieren. Grad a Krisenzäite wënsche vill Mënsche sech e méi frëscht a wakeregt Ausgesinn, fir hiren Alldag erfollegräich ze meeschteren.

Souguer bei de Männer ass d'Zuel vun den Agrëff am Gesiicht an d'Luucht gaangen, d'lescht Joer ronn 24% méi. Bei hinne si Mimikfalen an déi sougenannten Zornesfalte de Grond.

Opfalend ass, dass am zweete Coronajoer virun allem d'Zuel vun de Fettofsaugunge geklommen ass, ronn 31% méi bei de Fraen an 36% méi bei de Männer. Do gëtt als Ursaach haaptsächlech den Homeoffice vermutt, wou d'Leit generell méi bequem gi sinn.